Historik: Sektion Feulen

1956/1957 De Kaploun Henri Fellens rifft déi 15-18jähreg Jongen vu Feelen regelméisseg zesummen . Hien schwetzt mat hinnen iwer de Glawen, d’Gesellschaft, d’Schoul, d’Beruffer a villes aneres méi. Komerodschaft a Respekt as d’Fundament vun desem Grupp. 1958 Déi Jonk wöllen hirem Grupp een Numm gin. Si informéiren sech iwert J.O.C.-J.A.C. a J.E.C.. Well des Jugendmouvementer awer opgedeelt sin no Beruffsgruppen, hu si net op déi Feelener Jongengrupp gepasst.

1960 De Gaston Koch, e Feelener Jong, dén an de Minett schaffe fiert, léiert de Pol Schroeder kennen. De Pol hat duerch seng Gesellenzäit am Ausland de Kolpingveräin kenne geléiert an huet zu Letzebuerg Kolpingbewegung erem näi lancéiert. Kolping steht fir reliéist a sozialt Engagement.

1962 Am März gouf de Feelener Kolping offiziell vun 18 Jugendlechen gegrennt. Domatt guef et zwou Kolpingfamilljen zu Letzebuerg. Och a villen aneren europäische Länner sin weider Kolpingfamillje gegrennt gin.

1976 Déi éischt Dammen a Meedercher gin an de Veräin opgeholl. 1977 Krëschtmaart zu Feelen. Déi éischt Krëschtmäert sin méi een Duerffolklorfest, mee all Jor am Dezember get e Krëschtmaart organiséiert. 1980 Grouss Fotoausstellung: e Reckbleck esou weit ewéi méiglech. Deemols goufen nach all Fotoen selwer reproduzéiert. Mir haten eng Donkelkammer. Ausserdém gouf een Fotoarchiv ugeluecht. 1985 De Krëppe-Concours get lanséiert. Dese Concours ergänzt bis haut eise Krëschtmaart. 2007 D’Gemeng Feelen stellt äis een neit Lokal zu Uewerfeelen zur Verfügung. Et as dat de fënneften Ennerdaach a bal 50 Jor, mee awer och dee schéinsten!

De Kolping Feelen huet an all deene Joren probéiert Duerfliewen matt ze gestalten.
Errennert sief un déi verschidden Ausstellungen :

  • Feelen a seng Künstler
  • Portugal, Kapverdianesch Inselen a seng Awunner
  • Musek a Musekinstrumenter
  • Millen hei zu Letzebuerg
  • Besch an Natur
  • Cartoons hei zu Letzebuerg
  • Sichen a Fannen – d’Bibel e Wee (zesumme mam Parverband Ettelbreck)
  • asw

Et gouf Theater gespillt, Berufsaustausch organiséiert, Konferenzen ofgehal an Austausch mat aner Kolpinsfamilljen gepleegt. Mir hun u ville Friedenswanderungen deel geholl kräiz a quer an Europa.

Mat dem Opstellen vum éischte Kontainer hun sech emmer erem Leit bereet erklärt, Woch fir Woch mat op den Tour ze fueren, fir d’Kontainer eidel ze man. Och déi grouss Kleedersammlung am Hierscht get am Norden vun der Sektioun Feelen organiséiert a begleed.