Historik Kolping Lëtzebuerg  

De Pool Schroeder, Grënner vum Nokrichveräin, erzielt :

 

D’Militärzäit huet am Liewe vum jongen Handwierker ganz dacks e grousse Changement mat sech bruecht.No der Léierzäit , haten déi meescht frësch gebake Gesellen, mam Handwierk e bëssen d’Flemm. Si wollte ganz einfach eppes anescht maachen an erliewen. Mir ass et no dënnen 12 Méint an der Uniform, och esou ergaangen. Wann ech och d’Handwierk net un den Nol gehaangen hunn, sou wollt ech dach nei Weeër goen. E Stage an engem anere Land war mäin Dram.Dobäi ass d’Schwäiz fir mech a Fro koum. Sou hunn ech am September 1955 d’Wallis gepaakt a si mam Kontrakt vun der Chambre des Métiers an der Tesch op Zürich gefuer. De Paschtouer Salzmann vun Zürich-Wollishofen huet mir gerode mech dem Katoulesche Geselleveräin unzeschléissen, fir op des Manéier eng Heemecht an der Friemd ze fannen. Zu Zürich, am grousse Gesellenhaus, war deemools och de Setz vum „Schweizerischer Katholischer Gesellenverein“ ageriicht. Et war keng Woch vergaang, du war ech Member-Kandidat am K.G. ZH-Wollishofen.

De „Kandidatenunterricht“ vun 2 Méint hunn ech mat e puer Kollegen am Gesellenhaus absolvéiert a sinn de 4. Dezember 1955 mam Verspriechen „Treu Kolpingfahne immerdar“ an d’internationalt Kolpingswierk opgeholl ginn. Dëst Verspriechen hunn ech bis haut gehalen. Lues a lues hunn ech d’Dynamik an d’sozialt Engagement vun dësem emoolech grousse Mann, dem Adolph Kolping, kennegeléiert . Den aarm e Schoustergesell huet eng grouss Plaz a mengem Liewe fond. No engem Joer sinn ech nees heem komm, am Kap awer e frësche Kolpingsgeescht.

Am Hierscht 1956 hun mir äis zu 7 jonk Borschte vun Hënsdref als Veräi constituéiert, e Joer drop hu mir äis dem Int. Kolpingswierk ugeschloss. Aumônier ass den Abbé Victor Conzémius ginn. An engem klénge Blockhaus, dat mir sëlwer gezëmmert haten, sinn äis Réuniounen a Feieren ofgehale ginn.


D’Grënnungsmemberen waren : Mil Vogt, Camille Mergen, Fons Neiertz, Fernand Birgen, Mil Haag , Norbert Feltgen ,

Pool Schroeder.


Zu dëm Moment wosst vun äis kënn, dat et schon virun 1940 e Gesellenveräin mat Gesellenhaus an der Stad ginn huet

( gegrënnt 2. Juli 1864, Gesellenhaus 1867 ). Em 1880 war souguer e Kolpingveräin zu Iechternach.


 

 

1962 am Mäerz ass d’Sektioun Feelen am Restaurant du Commerce op der Plëss opgeholl ginn.Hei war et de Kaploun Henri Fellens deen d’Jongen vum Kolping iwwerzeecht huet.


De Koch Gast, gebiertege Feelener, gouf 1961 opgeholl an as leider den 23. Juli 2015 gestuerwen.


An den Archive liese mer datt durch seng Vermëttlung ,de Pool den 11. November 1961 , mam Kaploun Henri Fellens vu Feelen Kontakt ophëllt an esou d’Weiche fir Kolping Feelen stellt.

Déi 2 Sektiounen hunn hiren eegene Fändel an op nationalem Plang gëtt et 3 Fändelen, déi mam Emblème K mam roude Leif zënter 1957 weise wie mir sinn.

Aweiung vum Zentralfëndel 3.5.1961 op Ouschtermeindech

Versuergt gëtt äis Veräinsmaterial an eisem Büro zu Walfer, 4 rue de l’Eglise.

Duerch e puren Zoufall hu mir Kontakter mat de Compagnons du Devoir am Frankräich kritt.De Berufsaustausch an Europa ass nees frësch belieft ginn. Mir konnten och verschidde jong Handwierker op den „Tour de France“ resp. an d’Schwäiz iwwert äisen Echange Professionnel placéieren .

1967 sinn ech an de Generalroot vum Int. Kolpingswierk beruff ginn.Do sinn d’Route de la Paix an d’Aktioun Aalt Gezai op d’Schinn gesat ginn.

Vun 1969 bis haut huet d’Route de la Paix mat menger Berodung, am Joer 2012, 45 Joer geféiert.

1974 ass déi éischt Aktioun Aalt Gezai iwwert d’Bühn gaangen.No deems mir vill gréisser Mouvementer als Mataarbechter gefrot haten, an iwwerall op daf Ouere gestouss sinn, ass d’Jongenheem, deemools nach zu Betten op der Mess, bis haut äis Hëllef ginn a bliwwen. Den 28. September 1974 hu mir 52. Wagoen mat 538 Tonnen Gezai a Schong gesammelt.

2014 si mer bei 40.000 Tonnen. 1985 huet d’Stad Lëtzebuerg en éischte Container op der Arelerstrooss installéiert, géint 1990 ware schouns 300 Container am ganze Land opgestallt.

Pro Joer sammele mer zirca 2200 Tonnen bei der Container a Stroossekollekt. D’Container ginn am Éislek duerch Fräiwëlleger vu Kolping Feelen eidel gemaach. Soss am Land sinn et Jongen a Meedercher vum Gamo-Jongenheem, äis Partner, déi sou eng Beschäftegung hunn. Iwwert äis A.S.B.L. ass et äis méiglech heiheem Foyeren an Associatiounen ze ënnerstëtzen a Projeten, speziell an der Formatioun an am Handwierk, an Afrika, Latäinamerika an Asien ze realiséieren. An dat mat Hëllef vum Int. Kolpingswierk, äisem Staat, a verschidde Gemengen. Äis finanziell Mëttele stamen zum gréissten Deel, zënter dem 28. September 1974, vun der Aktioun Aalt Gezei. Ech sinn houfreg a frou, datt an äise Comitéen an doriwwer eraus eng Partie Memberen a Frënn hir Responsabilitéit an deene méi wéi 50 Joer iwwerholl hunn, an dat op fräiwëlleger Basis. Nëmmen esou war et méiglech, als kleng Communautéit, Grousses ze leeschten.

Pool